Beschreibung
Firwat schumme sech sou vill Lëtzebuerger fir hir Jugend, soubal si de Lycée hannert sech hunn? Dann ass alles op eng Kéier kannereg gewiescht. Mee war et dat wierklech? De Joé wiisst an de 70er an 80er Joren an der Minettsgéigend op. Hien ass an enger ganz cooler Band, seng Elteren hunn de Krich nach an de Schanken an him ass dLand ze kleng. Wéi dBeth a säi Liewe kënnt, ännert sech alles. Magnetosaurus Nostalgodon erzielt vun engem, dee versicht, grouss ze ginn, ouni seng Kandheet ze mëssen.